avatar

#119: Virfreed, Angscht a Roserei – Gefiller zur Pride

Méi wéi Sex
Méi wéi Sex
Episode • May 26, 2023 • 45m

Geschwënn ass et esou wäit: Am Juni ass erëm Pride Month. Ee Mount laang fierwen Institutiounen a Firmen hir Logoen a Reeboufaarwen an et ginn iwwerall op der Welt Pride Parades. De Joël an d*e Robin hunn dat zum Ulass geholl, iwwert hier Gefiller zu dësem Mount an dësen Events ze schwätzen. An déi si komplex. Engersäits Virfreed op déi grouss Veranstaltungen, anerersäits Angscht virun ze vill Siichtbarkeet, déi och ëmmer erëm Haass a Gewalt ausléisst. An dann ass do och Roserei op Firmen, déi déi queer Community just als Marketing gesinn, ass och an dësem Gefillscocktail. Donieft geet et dorëms, wéi Prides méi inklusiv kéinte sinn, an u wat fir Membere vun der LGBTIQA-Community dacks net geduecht gëtt. An der Rubrik schwätzt d*e Robin iwwert Intergeschlechtlechkeet.

Shownotes Doku iwwert Marsha P. Johnson op Netflix: The Death and Life of Marsha P. Johnson Kuerzbiografie vum Marsha P. Johnson Stonewall riots Cooper Do-nuts Riot Compton's Cafeteria riot Artikel vum Joël iwwer Regenbogenkapitalismus an der woxx

Switch to the Fountain App