An dëser Folge beschwätzen de Joël an Kelly wéini een sech trennen sollt, wéini een net Schlussmachen sollt - an alles do datescht. Et geet em Kodépendenz, Zukunftsvirstellungen, Sech-net-méi-richen-kennen, Bindungsmusteren an nach vill méi.
Liesetipps - “Polysecure” vum Jessica Fern (Sëcher Bezéiungen zu Aaneren an zu sech Selwer opbauen) - “Attached” (Bindungstheorie, Bindungtypen, Bindungsmusteren) - “In the dream house” vum Carmen Maria Machado (Roman iwwert eng absuiv Bezéiung)
Ulafplatzen fir gewaltvoll Bezéiungen - Femmes en détresse - VISAVI: Informatioun a Berodung fir Fraen, déi vu Gewalt duerch Partner*in betraff sinn - LOG-iN: Berodung fir Fraen, déi an enger Noutsituatioun sinn oder vu Gewalt betraff - weider Ulafstellen fannt der héi: https://cid-fg.lu/en/news/liste-mit-anlaufstellen-fuer-opfer-und-taeterinnen-haeuslicher-gewalt/