Mental Health ass stigmatiséiert, Sexualitéit och. Wann d' Sexualitéit dann och nach vun der mentaler Gesondheet beaflosst gëtt, ass d' Kommunikatioun duebel erschwéiert. Den Elie an d*e Robin probéieren an dëser Episod mat dëse Stigmen ze briechen a schwätzen doriwwer, wéi déi mental Gesondheet d'Sexualitéit an déi sexuell Gesondheet beaflosse kann - an ëmgedréint.
An der Rubrik "Sexmythos" schwätzt Kelly iwwer d'Geschicht(en) vun de Vibratoren.
Content Note: An dëser Episod ginn Depressiounen, Trauma, Panik an Iessstéierungen ugeschwat. Wann s du Probleemer mat dësen Themen hues, da lauschter dës Episod w.g.l. net eleng.
Hei fënns du Hëllef: Centre LGBTQ+ Cigale Planning Familial Pro Familia SOS Détresse Kanner-Jugendtelefon