Ob Aktmolerei, Fanfiction oder Performances – heiansdo hu mir Loscht, sexy Konscht ze konsuméieren. An dëser Episod schwätze Kelly an de Joël iwwert den Ënnerscheed tëscht Porno a Konscht, iwwert dat sexy Potenzial vu verschidde Medien an erziele vun hiren Erfarungen mat Texter, Biller an anere Konschtformen. Si schwätzen och doriwwer, wéi a wisou mir selwer (sexy) Konscht kënne maache sollten.
An der Rubrik stellt Kelly eng Mindfulnessübung vir.
Shownotes
- Buch: "erotica universalis" (TASCHEN Verlag)
- Performance Deborah de Robertis
- Youtube: Video-Essay zu Omegaverse, nach een Video-Essay zu Omegaverse
Further Reading:
- Susan Sontag: The Pornographic Imagination
- Wikipedia: History of erotic depictions
- "Kunst-Performances zu Sexualität" (Paper vum Nicola Döring)
- Fraen an der Konscht (Zines vun R22)