avatar

#059 Männlechkeet

Méi wéi Sex
Méi wéi Sex
Episode • May 15, 2020 • 30m

Et gi vill Forme vu Männlechkeet. Verschiddener si geféierlech, a beim Ausliewe kann een sech an anere wéidoen. Den Elie an de Joël schwätzen dës Kéier doriwwer, wat et heescht, e Mann ze sinn, a wéi een sech géint toxesch Männlechkeet ka stellen. Nieft Autoen, Béier an enger Kotlett um Grill kommen awer och soft boys, kritesch Männlechkeet a gutt Virbiller zur Sprooch. An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer wéi een sou matenee schwätzt, dass een och gehéiert a verstane gëtt. Wat gelift? Lauschtert eran.

Hei fannt dir d'Links déi an der Episod ugeschwat goufen:

- Rubrik zur Prostate: https://sexpodcast.ara.lu/podcast/eng-gutt-fro-wei-funktioneiert-dprostate/ - Youtube-Kanäl, déi popkulturell Analysen zu Männlechkeet machen: https://www.youtube.com/user/mrskimps/ & https://www.youtube.com/channel/UCHiwtz2tCEfS17N9A-WoSSw - Allgemeng Informatiounen zu kritescher Männlechkeet: https://kritische-maennlichkeit.de/

Switch to the Fountain App