avatar

#113: Costum, Minijupe oder Hoodie? – sexy Kleedung

Méi wéi Sex
Méi wéi Sex
Episode • Feb 17, 2023 • 44m

Bal jiddereen*t huet sexy Kleedung am Schaf - wann een déi awer matenee vergläicht, fënnt een*t net onbedéngt ganz vill Gemeinsamkeeten. D Meenungen doriwwer, wat sexy Kleedung (oder wat amfong sexy) ass, sinn sou divers wéi d Leit déi sech dës Fro stellen! De Joël an d*e Robin diskutéieren haut ebe grad dës Differenzen, mee och wee sech iwwerhaapt sexy präsentéieren däerf a wéi staark deen eegene Bléck op sech selwer vum Bléck vun aneren ofwäiche kann.

An der Rubrik erkläert Kelly wéi een*t am beschten seng Broscht oftaascht a wourop een*t oppasse sollt.

Shownotes D'Episod #66 iwwer Ënnerwäsch ass hei ze fannen. An der Episod erwäne mer e Museksvideo vum Sam Smith an en Artikel iwwer d Erfarunge vu net binäre Models. Hei sinn d Links: Vogue : Just People, Just Clothes: Four Queer and Non-Binary Models on Walking the Runway Today Sam Smith - I'm not here to make friends

Switch to the Fountain App